Gläich 2 Joer, 2015 an 2016 hunn d’Membere vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn bei hirer leschter Versammlung beliicht. De President, Romain Jacoby konnt e volle Sall an hirem Veräinslokal, der Viichter Schmëdd begréissen. D’Sekretärin, Marie-Anne Kugener-Goethals huet d‘Aktivitéite vun de vergaangenen 2 Joer erläutert an si huet och gläich d’Bilanen erkläert. Ouni Problemer krut de Comité Décharge an den Optrag fir esou weider ze schaffen am Déngscht vun der Geschicht vun den zwou Gemengen an der ganzer Ëmgéigend. No deem administrativen Deel huet de Romain Jacoby Erläuterunge ginn zu méi rezenten Aktivitéiten: d’Entdeckung vu pré-réimeschen Hiwwelgriewer bei Méchelbuch, de Fond vun iwwer 1000 altsteinzäitlechen Artefakte bei Useldeng oder d’Schafung vun enger Datebank fir d’Sammlung vun de Fondsaachen ze dokumentéieren. Dozou huet de Paul Felten interessant Erklärunge ginn a gewisen, wéi si wëlles hunn, automatesch Prospektiounsberichter ze erstellen. Duerno goufe Cadeaue verdeelt un déi Memberen a Sponsoren déi 10 Joer am Veräi sinn.
Mä d’Geschichtsfrënn haten och e Cadeau prett fir all Leit déi do waren: si hunn hir nei Broschür virgestallt a verdeelt. Dora sinn interessant Theme behandelt, wéi: prehistoresch Fondstécker, Mënzen, d’Soe vun de Wiichtelcher zu Viichten, Soe vu Mäerzeg a vu Biissen, d’Kierch vu Wal, de Viichter Bësch, déi Mäerzeger Steekaulen, d’Villa vum Foyer de la Femme zu Viichten an den Hubert Clement, d’Spëtznimm vun den Dikkricher Proffen, al Fotoen, al Plakaten an aalt Haushaltsgeschier, d’Geschäft Mertz vun Useldeng a Rapporte vun aktuelle Manifestatiounen. Wann dir interesséiert sidd un dëser Broschür kritt dir se heemgeschéckt nom Iwwerweise vu 17,00 € op de Kont vun de Viichter Geschichtsfrënn LU03 0090 0000 7423 4436 (CCRALULL), mam Vermierk „Broschür Nr 15“. Zum Schluss vun der Versammlung huet de President e Viirtrag gehalen iwwert de Réimer hir Spuren zu Méchelbuch an Ëmgéigend. De Fräns Siebenaler hat duerzou Fotoe gemeet an huet déi gewisen. Beim uschléissende Patt konnten d’Geschichtsfrënn sech nach mat Gläichgesënnten ënnerhalen an interessant Pläng diskutéieren. Si haten och d’Geleeënheet, eng Ausstellung an der Schmëdd ze besichtege mat de Géigestänn, déi vum Michel Hommel zu Rippwëller-Laach an enger Villa rustica fonnt goufen.