Journée de la Brocante

Léif Memberen a Sponsore vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn,

De 5. Mee 2024 organiséiere mir eng Brocante zu Wal bei eisem President, Romain Jacoby senger Hourschtvogtei (5, rue Faubourg). Vläicht waart dir schonn emol sonndes do, wann de Romain an och de Marco Pavani hire Floumaart do ofgehalen hunn. Dës Kéier däerft dir matmaachen!

Wann dir al Objete wëllt verkafen, hutt dir do d’Méiglechkeet, engem interesséierte Publikum eppes unzebidde vun 9:00 bis 18:00 Auer. Dir braucht kee Plazgeld ze bezuelen, mee wann Dir gutt Geschäfter gemaach hätt, géinge mir Iech bieden, eppes an eis Keess ze leeën.

Dir kënnt een eegenen Dësch fir d’Presentatioun matbréngen, mee wann dir just eenzel Saachen hutt, braucht dir dat net, an dir musst och net dee ganzen Dag present sinn. Dir kënnt eppes do loossen a Membere vun eisem Comité kënnen dat mat verwalten.

De Romain Jacoby steet zur Verfügung, fir iech ze beroden, wat de Wäert vun ären Artikele betrëfft.

Zu Wal ass natierlech net onendlech Plaz, sou datt dir Iech musst umellen. Déi éischt si vir!

Dir kritt de ganzen Dag iwwer eppes ze drénken oder eppes Klenges vum Grill z‘iessen.

Dir kënnt och gäre Reklamm maachen, sou datt méiglechst vill Interessenten deen Dag de Wee op Wal fannen.

Meld iech fir all Renseignementer beim Romain Jacoby. Dir kënnt iech och bei him umellen um
621 409 522 oder per per E-Mail u romain.jacoby@education.lu oder schéckt dës Souche bei Monsieur Romain Jacoby 2, rue de l’Église  L-9188 Vichten

Mir géingen äis freeën iwwert äre Besuch.

Mir benotzen Cookies fir d'Visiteuren ze zielen. Hei klicken fir Cookies ze desaktivéieren.