Sonndes de 5. Mäerz zu Viichten (vun 10:00 -18:00) an der Sportshal
Organisatioun : “Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn” a “Prioratsfrënn vun Uselding”
Wärend honnerte vu Joren hunn d’Viichter Leit esou zimmlech dat selwecht Schicksal wéi déi vum Nopeschduerf Uselding gedeelt. D’Viichter Awunner goufen d’éischt vun den Useldinger Hären, duerno vun de Markgrafe vu Baden, an nach méi spéit vun den Everlinger an Ansembuerger Herrschaften ausgepresst. Dat Wéinegt, wat dunn nach fir ze liewen iwwreg bliwwen ass, gouf hinnen du och nach vun de geeschtleche Patrone vum Useldinger Priorat ofgeknäppt.
Mä, wie Viichten seet, denkt awer mol fir d’éischt un déi grouss réimesch Vergaangenheet vun dëser Géigend. Vill archeologesch Zeien, wéi de berüümte Viichter Mosaik an den impressionante Kierchtuerm mat senge réimesche Käpp a Steng hunn dëst klengt lëtzebuerger Duerf wäit iwwert eis Grenzen eraus bekannt gemaach.
Um Plateau zwësche Viichten, Schandel an Uselding stousse mir op Akscht, d’Kräizmier an den ominéise Scheierbësch, do wou ee mëttelgrousse Vicus stoung. Dosende Griewer, Statuen, Monumenter a Fundamenter vu Villaen, deemno eng richteg archeologesch Fondgrouf, sinn hei zanter méi wéi honnert Joer ëmmer erëm entdeckt ginn.
Awer och Uselding ass bekannt fir säin exemplareschen Denkmalschutz a seng gelongen Duerferneierung an den achtzeger Joren. Punkte kann dëst Dierfchen nach ëmmer mat senger pittoresker Buerg an dem Projet Pilote vun der UNESCO, deen eise blanne Matbierger oder Behënnerte vun der Vue zeguttkënnt. Awer och dat aalt Useldinger Benediktiner Priorat, dat am Joer 1102 gegrënnt gouf, an eent vun eisen eelste reliéise Monumenter am Land duerstellt, soll net vergiess ginn. D’Prioratsfrënn setzen sech jo fir den Erhalt vu senge Fundamenter an d’Erfuerschung vu senger interessanter Geschicht an.
An esou wéi et ënnen um Fluchblat geschriwwe steet, hu sech déi Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn mat hire Frënn vun Uselding zesummegesat, fir erëm, no zwee Joer Pandemie, eng Journée de l’histoire locale op d’Been ze setzen. De Sënn vun esou enger Initiativ ass primär natierlech den Austausch zwëschen de lokale Geschichtsintresséierten, déi bestëmmt nees zefridden a mat munch neien a positiven Erkenntnisser heemgoe wäerten.
Verschidde Muséeën, Auteuren, Genealogen a Vertrieder vu lokale Geschichtsveräiner wäerten hir Dëscher opriichten an dem Publikum Ried an Äntwert stoen. Sou stellen och de Jean Nehrenhausen an de Guy Wolff, Auteuren aus eisem Kanton, hir nei lokalhistoresch Bicher vir.
Dräi Conferenciere gi sech zu Viichten Rendezvous. D’Stephie Reichert wäert dem Publikum een interessanten “Abléck an d’Useldinger Klouschterliewe virun 900 Joer” ginn, de Benoît Niederkorn erkläert d’Roll vun den däitsche Krichsgefaangenen am Neesopbau vu Lëtzebuerg an den André Bauler, geet 175 Joer zeréck bei de Kinnek Wëllem II. a schwätzt iwwert d’Ufäng vun der parlamentarescher Demokratie am Joer 1948.
Awer och fir eis Sammler vu rarer Luxemburgensia, ale Postkaarten a Vuë vun eisen Uertschaften ass den Dësch räichhalteg gedeckt. Den Entrée ass fräi, a fir Gedrénks an eng waarm Moolzecht ass beschtens gesuergt.
G. Majerus