8. Oplo vun der Journée de l’histoire locale

Viichten: Viru kuerzem haten déi Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn op déi 8. Oplo vun der Journée de l’histoire locale agelueden a vill Leit waren där Aluedung gefollegt. Dat heescht, vill Aussteller haten sech ugemellt a vill Visiteuren hu sech zu Viichten an der Sportshal afonnt, fir interessant Spuere vun der Vergaangenheet ze entdecken. Sou konnt e bei luxroots no senge familiäre Wuerzele sichen, et krut een demonstréiert, wéi e Suedler fréier geschafft huet, et konnt een al an nei Bicher, al Fotoen, Kaarten oder soss interessant Antiquitéite kafen. Et gouf een informéiert iwwert de Patton Musée a seng Publikatiounen, iwwert déi Maartelenger Frënn vun der Lee, iwwert de Cercle philathélique vun Ettelbréck, iwwert d’Industriegeschicht vu Lëtzebuerg, iwwert de Policemusée vum Verluerekascht, iwwert d’Renovatiounen an der 400 Joer aler Huuschtvogtei vu Wal an iwwert d’Krichsaffer a Krichserliefnisser aus der Ëmgéigend. D‘Geschichtsveräiner vun Ell, vu Mamer a vu Käerch ware present an d’Mataarbechter vun der Thillevogtei hunn déi al Waler Kierchenauer erëm un d’Goe kritt. Et konnt een al Motorrieder (zum Deel mat Sidecar) bewonneren an de Fonctionnement vun engem Lenoirmotor studéieren. Et konnt e sech bei de Geschichtsfrënn mellen, fir eng Sammlung vun ale Woen ze kafen oder fir Renseignementer iwwert den éischte Fernseh am Heemechtshaus ze ginn.

Virmëtteg huet déi Viichter Gemeng den Éierewäin offréiert an de Buergermeeschter, den Här Jean Colombera huet d’Geschichtsfrënn gelueft fir hiren Engagement an hir Leeschtungsbereetschaft. A senger Ried sot hien, d’Geschicht wier fir vill Leit eppes Dréchenes, eng Matière wou an der Schoul Datume gebéchst si ginn a vu Kricher a Revolutioune Rieds war. Hei bei der Ausstellung ginn dogéint positiv Accenter gesat a lokal a regional Traditioune rëm opliewe gelooss.

A senger Usprooch seet de President Romain Jacoby den Nopeschgemengen, allen Aussteller, alle Visiteuren an och de Leit déi fir Iessen an Drénken zoustänneg sinn, e grousse Merci an hie wënscht den Aussteller vill Succès an de Visiteuren e schéinen Dag bei dëser „activité de rencontre et de communication“ wéi hien dës Journée sou treffend nennt.

Am Nomëtteg war de Festsall gutt gefëllt bei de Virträg vun den Häre Carlo Parries (Ahnefuerschung), Benoît Niederkorn (1. Weltkrich) a Guy Bolmer (Lenoir an Atkinson Standmotoren).

Text: Fräns Siebenaler

Mywort Atrikel vun der Journée de l’histoire locale

https://www.wort.lu/de/mywort/vichten/news/8-oplo-vun-der-journee-de-l-histoire-locale-5cbf677eda2cc1784e342ab2

Mir benotzen Cookies fir d'Visiteuren ze zielen. Hei klicken fir Cookies ze desaktivéieren.