Viru kuerzem hat déi Viichter Gemeng, zesumme mat de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn op d’Aweiung vum Gallo-Réimer agelueden.
Wat mécht e Gallo-Réimer am Park vun der Viichter Gemeng? Et war schonn eng Plaz fir hien ënnert der Pergola virgesinn, wéi d’Alentoure vum Gemengenhaus viru Joren amenagéiert gi sinn. De President vun de Geschichtsfrënn, de Romain Jacoby war deemools am Gemengerot an an der Kulturkommissioun, wéi den Nico Maréchal Buergermeeschter war a si wollten am ale Paschtoueschgaart Kopie vun eng Rei réimescher Fondgéigestänn opstellen, fir op déi réimesch Vergaangenheet vu Viichten hinzeweisen. Dëst wier och een Deel vun engem réimesche Parcours gewiescht deen duerch de ganze Kanton geféiert hätt. Een Ufank gouf gemaach mat enger Kopie vun de réimesche Bildsteng aus dem Viichter Kierchtuerm. Déi Saach mam Gallo- Réimer koum bëssen an d’Schleefen, mais et gouf net vergiess. Ëm 1918 goufen nämlech an Akscht, also viru Schandel, bei Ofholzaarbechte ganz vill Fragmenter vun engem réimesche Monument fonnt. Viichter Aarbechter, dorënner dem Här Jacoby säi Bopa, hunn do fir den Notaire Reiffers geschafft an deen huet och d’Wichtegkeet vun der Entdeckung erkannt an d’Fragmenter an der Stater Musée op de Fëschmaart ginn. De Moment gëtt am Musée un enger eventueller Rekonstruktioun vun dësem Monument geschafft. Mir hunn elo zu Viichten eng liewensgrouss Reproduktioun vun enger Figur déi vläicht zu engem Grafmonument gehéiert huet, wat een sech kann ähnlech virstelle wéi d’Igeler Sail hei vir an Däitschland.
Déi Viichter Copie ass aus Holz an de Romain Schmit vu Bissen huet se geschnëtzelt. Hien hat am Musée d’Erlaabnes kritt, fir alles ze fotograféieren an opzemoossen an esou hu mir eng detailgetrei Reproduktioun kritt. Den Usträicher Elsen vu Groussbus huet d’Holz ugestrach an enger Faarw déi de Muschelkalleksteen imitéiert. D’Gemeng huet e stabile Sockel kaaft an déi Viichter Gemengenaarbechter hu se installéiert. Mataarbechter vun der Firma Mola hunn e puer Téitsche rafistoléiert an elo steet de Gallo-Réimer perfekt do.
All dës Detailler huet de Romain den Inviteeën erkläert an hien huet deenen eenzelnen Acteure villmools Merci gesot.
Den Här Buergermeeschter, Camille Scheuren, hat d’Gäscht begréisst an hien huet si och duerno op e Patt invitéiert.
Text vum: Marie-Anne Kugener-Goethals
Nei Broschür vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn
Gläich 2 Joer, 2015 an 2016 hunn d’Membere vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn bei hirer leschter Versammlung beliicht. De President, Romain Jacoby konnt e volle Sall an hirem Veräinslokal, der Viichter Schmëdd begréissen. D’Sekretärin, Marie-Anne Kugener-Goethals huet d‘Aktivitéite vun de vergaangenen 2 Joer erläutert an si huet och gläich d’Bilanen erkläert. Ouni Problemer krut de Comité Décharge an den Optrag fir esou weider ze schaffen am Déngscht vun der Geschicht vun den zwou Gemengen an der ganzer Ëmgéigend. No deem administrativen Deel huet de Romain Jacoby Erläuterunge ginn zu méi rezenten Aktivitéiten: d’Entdeckung vu pré-réimeschen Hiwwelgriewer bei Méchelbuch, de Fond vun iwwer 1000 altsteinzäitlechen Artefakte bei Useldeng oder d’Schafung vun enger Datebank fir d’Sammlung vun de Fondsaachen ze dokumentéieren. Dozou huet de Paul Felten interessant Erklärunge ginn a gewisen, wéi si wëlles hunn, automatesch Prospektiounsberichter ze erstellen. Duerno goufe Cadeaue verdeelt un déi Memberen a Sponsoren déi 10 Joer am Veräi sinn. Mä d’Geschichtsfrënn haten och e Cadeau prett fir all Leit déi do waren: si hunn hir nei Broschür virgestallt a verdeelt. Dora sinn interessant Theme behandelt, wéi: prehistoresch Fondstécker, Mënzen, d’Soe vun de Wiichtelcher zu Viichten, Soe vu Mäerzeg a vu Biissen, d’Kierch vu Wal, de Viichter Bësch, déi Mäerzeger Steekaulen, d’Villa vum Foyer de la Femme zu Viichten an den Hubert Clement, d’Spëtznimm vun den Dikkricher Proffen, al Fotoen, al Plakaten an aalt Haushaltsgeschier, d’Geschäft Mertz vun Useldeng a Rapporte vun aktuelle Manifestatiounen. Wann dir interesséiert sidd un dëser Broschür kritt dir se heemgeschéckt nom Iwwerweise vu 17,00 € op de Kont vun de Viichter Geschichtsfrënn LU03 0090 0000 7423 4436 (CCRALULL), mam Vermierk „Broschür Nr 15“. Zum Schluss vun der Versammlung huet de President e Viirtrag gehalen iwwert de Réimer hir Spuren zu Méchelbuch an Ëmgéigend. De Fräns Siebenaler hat duerzou Fotoe gemeet an huet déi gewisen. Beim uschléissende Patt konnten d’Geschichtsfrënn sech nach mat Gläichgesënnten ënnerhalen an interessant Pläng diskutéieren. Si haten och d’Geleeënheet, eng Ausstellung an der Schmëdd ze besichtege mat de Géigestänn, déi vum Michel Hommel zu Rippwëller-Laach an enger Villa rustica fonnt goufen.
Text vum: Marie-Anne Kugener-Goethals
